De Reider gëtt et vun elo un och online!
Hei fannt dir zousätzlech Artikelen, déi net am Reider publizéiert goufen. Dir fannt hei awer och Videoen oder méi Fotoe vu Reportagen déi am Reider verëffentlech goufen.
Reegelméisseg wäerte mir Iech och flott Iddie gi fir d’Vakanz doheem.
Vill Spaass beim liesen!
Highlights
Hei ginn déi aktuellsten Reportagen ugewisen.
De 26. September huet déi 2. Editioun vum Quetschefest zu Waarken stattfonnt.
Vum 2.- 7. August 2021 hu 15 international renomméiert Kënschtler ënnert der Leedung vum Lëtzebuerger Kënschtler Sumo d’Open-Air Gallery zu Ettelbréck ënnert der Däichbréck realiséiert. Entstaane sinn eenzegaarteg Konschtiwerker.
D’Gemeng Ettelbréck bedeelegt sech um Projet “Gielt Band” a geet géint Liewensmëttelverschwendung fir. Em déi 30 verschidden Uebstbeem, dorënner Äppel- an Quetschebeem an Nësserte goufe mat engem giele Band markéiert.
An der Nuecht vum 14. op de 15. Juli 2021 gouf d’ganzt Lëtzebuergerland vu schlëmmen Iwwerschwemmungen getraff. Mat 389 cm gouf zu Ettelbréck d’HQ50 Norm (50 jähregt Héichwaasser) iwwerschratt.
Den 18. Juli huet déi 3. Editioun vun der Waarker Kiermes stattfonnt. Fir gutt Stëmmung a Spaass war gesuergt mat der Ausstellung vun den Oldtimer Trakteren, enger Danzpist, enger Keelebunn, der Performance vum Trial Club Waarken a weider flott Aktivitéite fir déi kleng Butzen.
D’Gemeng Ettelbréck ass eng Klimapakt Gemeng. An dem Kader wëlle d’Gemeng d’Awunner drop opmierksam maachen, den Offall richteg ze sortéieren, awer och doropshiweisen dat ee keng aner Offäll, ewéi den Toilettëpabeier, an d’Toilette oder an den Offloss geheien däerf.
LL.AA.RR. le Prince Guillaume, la Princesse Stéphanie et leur fils, le Prince Charles, accompagnés de Monsieur Fernand Etgen, président de la Chambre des députés ; Monsieur Romain Schneider, ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural et Monsieur Claude Turmes, ministre de l’Énergie, ont inauguré l’édition 2021 de la Foire Agricole d’Ettelbruck (FAE) qui s’est déroulée sous forme hybride.
D’Klimateam vun der Ettelbrécker Grondschoul huet de Projet “pedagogesche Schoulgaart” initiéiert. Iwwert d'Wanterméint hunn de Service des Régies vun der Gemeng Ettelbréck an de Projet Arcade un dësem Projet geschafft, fir dass en fir den Ufank vun der Gaardesaison prett ass.
Firwat soll een Drénkwaasser vum Krunn drénken? Wou kënnt d’Ettelbrécker Drénkwaasser hir? A wou ginn et an der Gemeng Refill Statiounen.
Fir weider Reportagen ugewisen ze kréien einfach hei weider klicken.
Ettelbréck zitt un
Ettelbréck ass nët nëmmen d’Akafsstad aus dem Norden, mee kann och mat senger flotter Natur a Wanderweeër esou wéi mat senger kultureller Offer iwwerzeegen.
D’Equipe vum Ettelbruck City Tourist Office informéiert Iech gären iwwert d’Méiglechkeeten, déi et zu Ettelbréck, an der Nordstad an am Eislek gi fir Vakanz doheem ze maachen.