Aktioun “Gielt Band”

D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Gaart/Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a laanscht d’Landstroossen. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, Taarte baken a nach villes méi.

Fir dëse Problem ze léisen, gouf d’Aktioun „Gielt Band“ entwéckelt. Gemengen, déi sech bei dëser Aktioun bedeelegen, markéieren hier Uebstbeem mat engem giele Band. D’Uebst vun dëse Beem kënne vu jidderengem gepléckt ginn.

D’Gemeng Ettelbréck bedeelegt sech fir déi zweete Kéier un dësem flotte Projet a geet esou géint Liewensmëttelverschwendung fir. Em déi 30 verschidden Uebstbeem, dorënner Äppel- an Quetschebeem an Nësserte si vum 15. August u mat engem giele Band markéiert.

Fir d‘Beem an Iech ze schützen, ginn et awer eng Réi Spillreegelen, déi agehale musse ginn:

  • Nëmmen d’Uebst vun engem Bam, dee mat engem giele Band markéiert ass, däerf gepléckt/opgeraf ginn.

  • Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.

  • De Bam däerf net beschiedegt ginn.

  • D’Uebst ass fir de Privatgebräuch bestëmmt an däerf net verkaf ginn.

  • Pléckt nëmmen déi Quantitéit vun Uebst, déi Dir braucht.

  • Hannerloosst d’Natur am selweschten Zoustand, an deem Dir Si virfonnt hutt.

  • Blockéiert keng Zoufaarten.

  • Dir pléckt op Är eege Verantwortung.

Fir weider Detailer zu dëser Aktioun ze kréien, kënnt dir Iech gäre beim Service écologique mellen.


Charel Kass
Tél.: 81 91 81 – 448
Email: charel.kass@ettelbruck.lu

Précédent
Précédent

Ettelbréck am Hierscht

Suivant
Suivant

Theater zu Ettelbréck