News vum Service Enfance

An Zesummenaarbecht mat der UP_FOUNDATION, eng Stëftung déi sech fir d'Wuelbefanne vu Kanner a Jonken an d'Chancëgerechtegkeet an der Bildung asetzt, huet d'Stad Ettelbréck eng nei Struktur geschaaft, déi sech der positiver Entwécklung vun den Ettelbrécker Kanner verschreift.  

D'Missioune vum Service "Enfance"  

  • lokal edukativ Projete fir d'Ettelbrécker Kanner developpéiere fir hier aktiv Participatioun ze stäerken 

  • d'edukativ Acteuren an Offeren aus der Stad an engem Reseau zesummebrénge fir déi lokal Zesummenaarbecht ze stäerken 

  • sech zu Ettelbréck verwuerzele fir d'Visibilitéit vun den Ettelbrécker Kanner ze vergréisseren 

D'Originne vum Service "Enfance" 

Säit 2021 gëtt un der Kreatioun vum Service geschafft. Guidéiert vun der UP_FOUNDATION, huet d'Stad Ettelbréck deemools en Aarbechtsgrupp gegrënnt fir d'"Bildungslandschaft Ettelbréck" ze schafen. 

Dobäi ass et dorëms gaangen, déi Persounen, Institutiounen an Initiative zesummenzebréngen, déi d'Ettelbrécker Kanner encadréieren a begleeden. Mat Hëllef vu participative Workshops goufen déi existéierend Ressourcen an d'Besoine vun alle Bedeelegten identifizéiert. 

Donieft goufen am Januar 2022 och 14 Ateliere fir ronn 150 Kanner aus der Grondschoul a Maison relais organiséiert. Dobäi erauskomm si vill flott "Ideas of Change" fir den Developpement vun der Stad, Schoul a Maison relais, déi d'Kanner der Politik an den edukativen Acteuren am Kader vun enger klenger Zeremonie am CAPE virgestallt hunn. 

Elo geet d'Aarbecht richteg lass, an de Service "Enfance" freet sech op de Besuch an de Feedback vun all Kand aus der Stad. Ze fannen ass de neie Service am faarwegen "Beyserhaus", matten am Schoulhaff vun der Grondschoul.

Mol däin Ettelbréck

Vum 18. Abrëll bis de 26. Mee huet de nei gegrënnte Service Enfance Ettelbréck d’Kanner aus der Primärschoul invitéiert e Logo fir d’Stad Ettelbréck ze gestalten. Zil war, d’Kanner kreativ mat anzebannen an ee Logo vu Kanner fir Kanner ze schafen.

Wärend dem Unterrecht konnten d’Kanner hier Iddie fir de Kannerlogo op eng Postkaart molen. Iwwer de Schoulmeeschter oder d’Joffer sinn d’Postkaarten dunn an der Bréifboîte vum Service Enfance ukomm, deen direkt bei der Schoul em den Eck ass.

Aus méi wéi 650 Proposen ass dunn e neie Logo entstanen, dee wärend der Porte Ouverte, de 26. Mee, präsentéiert gouf. Doropper ze erkennen si spilleresch Elementer, Kanner an natierlech de Lien mat der Stad Ettelbréck.

Stéck fir Stéck fir e faarwegt Ettelbréck

D’Beyserhaus vum Service Enfance Ettelbréck huet eng nei Fassad!

D’Kanner vun der Maison relais Kannerbuerg an dem Foyer DPI hunn d’Fassad vum Beyserhaus, am Haff vun der Ettelbrécker Primärschoul, an en richtegen Eyecatcher verwandelt.

Vu Mee bis Juni hunn di 36 Kanner vu 6 bis 12 Joer wärend Molateliere gehollef, d’Fassad ze verschéineren. Entstanen ass eng flott a faarweg Fassad mat ronne Motiver, symbolesch fir d’Kanner vun Ettelbréck. Ënnerstëtzung bei dësem kreative Projet gouf et vum Fachmaart Robert Steinhäuser.

Porte Ouverte vum Service Enfance

De 26. Mee hunn de Service Enfance zesumme mat der Gemeng Ettelbréck eng Journée Porte Ouverte organiséiert. Sur place waren d’Kanner, d’Elteren, d’Schoulpersonal an d’lokal Partner fir d’Kanner ze feieren an de neie Service ze éieren.

Am Schoulhaff, virum Beyserhaus, gouf de neie Kannerlogo vun de Kanner devoiléiert. Um Programm vum Dag gouf et nieft Sérigrafiesatelier an enger Fotolounge och eppes Leckeres vum Grill. D’Famillen aus dem Foyer DPI hunn fir dës Occasioun traditionell Desserte preparéiert, déi grousse Succès haten.

Am Mëttelpunkt vun dësem sonnegen Nomëtteg stoungen d’Participatioun vun de Kanner aus der Stad Ettelbréck sou wéi d’Zesummenaarbecht tëscht Gemeng, Schoul an dem Service Enfance.

Kommunalt Netzwierktreffe vun der Bildungslandschaft Ettelbréck

Den 11. Juli sinn 28 Acteure vun der Ettelbrécker Bildungslandschaft um 1. kommunalen Netzwierktreffen zu Waarken zesumme komm. Dës Plattform bitt de lokalen Acteuren eng Plaz fir sech an enger frëndlecher Atmosphär ze treffen an zesummen un der Zukunft vun dëser Bildungslandschaft ze schaffen.  

D’Zil vun dësem éischten Treffe war et esouwuel zesummen iwwert Theemen ze diskutéiere wou der Ettelbrécker Bildungslandschaft um Häerz leie, wéi och e Brainstorming iwwert méiglech Pistë fir d’nächst Joer ze maachen.

Zudeem gouf de Projet ‘Kannerrechter (er)liewen!’ virgestallt, dee vun Oktober bis November stattfënnt. D’Participante vum Owend konnten zu verschiddene Proposë vum Projet hiren Input ginn.

Mat flotte Gespréicher an engem Patt koum schlussendlech dësen Owend zu Enn. 

Dat 2. kommunalt Netzwierktreffe vun der Bildungslandschaft Ettelbréck wäert den 30. Januar stattfannen. Weider Detailer kommen no.

Projet Kannerrechter (er)liewen!

Hei fannt dir de ganzen Reportage iwwert de Projet.

Précédent
Précédent

Les Godchaux - une révolution industrielle, un bouleversement social au Luxembourg du 19e siècle

Suivant
Suivant

Ettelbréck am Summer