Ettelbréck am Hierscht

Och am Hierscht huet Ettelbréck vill ze bidden: Hierschtkiermes, Rentrée des Marchés a verkafsoppe Sonndeger wéi den Hierschtsonndeg an de Mantelsonndeg. Kommt bis op Ettelbréck a verbréngt flott Momenter mat ärer Famill a Frënn.

 

Hierschtkiermes am Däich

Lass geet et den 23. September mat der Hierschtkiermes um Parking am Däich, déi bis den 8. Oktober dauert. Knuppautoen, Schéissbuden, Intefëschen a vill weider Attraktiounen erwaarden Iech. Mat Kiermeskascht an engem gudde Patt beim Kessel, Gromperekichelcher a Kniddelen, Wafelen a gebrannte Nëss ass och fir den Honger gesuergt. Bei der offizieller Ouverture den 30. September däerf natierlech och net den Hämmelsmarsch vun der Ettelbrécker Musek feelen.

Quetschefest zu Waarken

De 24. September kachen d’Membere vum „Tëff Tëff Waarken“ nees hiert Quetschekraut beim Jeekelsbau. Kommt bis laanscht op e gudde Patt.

Rentrée des marchés

All Freides fënnt an der Ettelbrécker Foussgängerzon de Frëschmaart statt. Regionaalt Uebst a Geméis, Brout a Kaffiskichelcher, frësch Nuddelen, Blummen, Fleesch a Villes méi fannt Dir um Ettelbrécker Maart. Den 29. September fënnt d’Rentrée des Marchés statt, wou d’Ettelbrécker Gemeng um 10.00 Auer de Visiteuren Kaffi a Croissanten offréiert.

Verkafsoppe Sonndeger zu Ettelbréck

D’Ettelbrécker Geschäftsleit invitéieren Iech den 8. Oktober an den 22. Oktober op hir verkafsoppe Sonndeger fir déi neisten Trends vum Hierscht ze entdecken.

D’Geschäfter si vu 14.00 bis 18.00 Auer op! Shoppt an enger gemittlecher Atmosphär a genéisst e Patt an e gudde Maufel an engem vun den Ettelbrécker Caféen a Restauranten.

Précédent
Précédent

Semaine europénne de la mobilité

Suivant
Suivant

Aktioun “Gielt Band”