Reportages
Waarker Kiermes
Den 18. Juli huet déi 3. Editioun vun der Waarker Kiermes stattfonnt. Fir gutt Stëmmung a Spaass war gesuergt mat der Ausstellung vun den Oldtimer Trakteren, enger Danzpist, enger Keelebunn, der Performance vum Trial Club Waarken a weider flott Aktivitéite fir déi kleng Butzen.
En neie Veräin: Tëff Tëff Waarken
Kennt dir schonn den neie Veräin Tëff Tëff Waarken? De Veräin setzt sech fir d'Erhalen vun aler Landtechnik an alen Duerftraditiounen.