De Reider gëtt et vun elo un och online!
Hei fannt dir zousätzlech Artikelen, déi net am Reider publizéiert goufen. Dir fannt hei awer och Videoen oder méi Fotoe vu Reportagen déi am Reider verëffentlech goufen.
Reegelméisseg wäerte mir Iech och flott Iddie gi fir d’Vakanz doheem.
Vill Spaass beim liesen!
Highlights
Hei ginn déi aktuellsten Reportagen ugewisen.
Den 18. Juli huet déi 3. Editioun vun der Waarker Kiermes stattfonnt. Fir gutt Stëmmung a Spaass war gesuergt mat der Ausstellung vun den Oldtimer Trakteren, enger Danzpist, enger Keelebunn, der Performance vum Trial Club Waarken a weider flott Aktivitéite fir déi kleng Butzen.
D’Gemeng Ettelbréck ass eng Klimapakt Gemeng. An dem Kader wëlle d’Gemeng d’Awunner drop opmierksam maachen, den Offall richteg ze sortéieren, awer och doropshiweisen dat ee keng aner Offäll, ewéi den Toilettëpabeier, an d’Toilette oder an den Offloss geheien däerf.
LL.AA.RR. le Prince Guillaume, la Princesse Stéphanie et leur fils, le Prince Charles, accompagnés de Monsieur Fernand Etgen, président de la Chambre des députés ; Monsieur Romain Schneider, ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural et Monsieur Claude Turmes, ministre de l’Énergie, ont inauguré l’édition 2021 de la Foire Agricole d’Ettelbruck (FAE) qui s’est déroulée sous forme hybride.
D’Klimateam vun der Ettelbrécker Grondschoul huet de Projet “pedagogesche Schoulgaart” initiéiert. Iwwert d'Wanterméint hunn de Service des Régies vun der Gemeng Ettelbréck an de Projet Arcade un dësem Projet geschafft, fir dass en fir den Ufank vun der Gaardesaison prett ass.
Firwat soll een Drénkwaasser vum Krunn drénken? Wou kënnt d’Ettelbrécker Drénkwaasser hir? A wou ginn et an der Gemeng Refill Statiounen.
Den 11. Oktober huet den Ettelbrécker Hierschtsonndeg stattfonnt. Den Ettelbruck City Tourist Office huet fir eng flott Animatioun gesuergt.
Der natürliche Lebensraum vieler Insekten ist gefährdet, deshalb ist es enorm wichtig Insektenhotels zu bauen. Wir haben für Sie ein Insektenhotel gebaut um Ihnen in ein paar einfachen Schritten die Vorgehensweise zu erklären.
Zënter 2012 u gëtt d’Aktioun Kannerwonschbam organiséiert. D’Iddi dohannert ass, dass och Kanner deenen et finanziell net esou gutt geet, e flotte Kaddo ënnert dem Beemche leien hunn.
Depuis 2012, Ettelbruck est une commune Fairtrade. Découvrez les acteurs locaux proposant des produits fairtrade.
Fir weider Reportagen ugewisen ze kréien einfach hei weider klicken.
Ettelbréck zitt un
Ettelbréck ass nët nëmmen d’Akafsstad aus dem Norden, mee kann och mat senger flotter Natur a Wanderweeër esou wéi mat senger kultureller Offer iwwerzeegen.
D’Equipe vum Ettelbruck City Tourist Office informéiert Iech gären iwwert d’Méiglechkeeten, déi et zu Ettelbréck, an der Nordstad an am Eislek gi fir Vakanz doheem ze maachen.