Theater zu Ettelbréck

Bei Konscht a Kultur zu Ettelbréck däerf den Theater net feelen. D’Gemeng huet zwee Theater Veräiner d‘ „Ettelbrécker Theaterfrënn“ an de „Rido op“. Donieft sinn et awer och d’Ettelbrécker Guiden, déi eemol am Joer de Guidentheater am CAPE opféieren. 

De Start an d‘Theater Saison zu Ettelbréck maachen d’Ettelbrécker Guiden. Zënter 1978 ginn d’Märercher ausschliesslech vun de Kanner gespillt.

Duerno ass et dann um Rido op, dee Mëtt November d’Salle Edmond Dune (CHNP) belieft. Zënter 1989 gëtt et dëse Veräin. Mir hunn eis mam Gast Werner, Grënnungsmember vum Rido op, ënnerhalen.

D‘Ettelbrécker Theaterfrënn ginn et zënter 1975. Zesumme mam Michèle Turpel hu mir iwwert seng Passioun fir den Theater geschwat an iwwert d’Geschicht vun den Ettelbrécker Theaterfrënn. Zënter 2023 trieden si an der Kapell zu Waarken op.

Précédent
Précédent

Aktioun “Gielt Band”

Suivant
Suivant

Les Godchaux - une révolution industrielle, un bouleversement social au Luxembourg du 19e siècle