Pedagogesche Schoulgaart

_DSC1737-web.jpg

De pedagogesche Schoulgaart zu Ettelbréck ass fäerdeg. Iwwert d'Wanterméint hunn de Service des Régies vun der Gemeng Ettelbréck an de Projet Arcade un dësem Projet geschafft, fir dass de Gaart fir den Ufank vun der Gaardesaison prett ass.

Initiéiert gouf de Projet vum Klimateam vun der Ettelbrécker Grondschoul. Am Gaart kënnen d'Enseignanten aus all de Zykle mat hire Klassen higoen, fir de Kanner ze weise wéi ee saisonaalt Geméis an Uebst ubaut, natierlech ouni Pestiziden. Et gëtt och eng Wëllblummewiss geséit, fir d'Beien an aner Insekten unzelackelen, déi wichteg fir de Gaart sinn.

_DSC1747.JPG

Fir d’Klimateam vun der Ettelbrécker Grondschoul ass dëse Projet immens wichteg: "An enger Zäit vu Klimawandel, Ressourceknappheet, Biodiversitéitsverloscht an donieft ëmmer méi grousser Entfriemung vun der Natur, ass et besonnesch wichteg, datt d'Kanner (an déi Erwuessen natierlech och) sech erëm mat der Natur verbannen, natierlech Prozesser erliewen, novollzéien a verstinn.

De pedagogesche Gaart ass en Uert, wou een doru schaffe kann: einfach an der Natur sinn, d’Entwécklung vum Geméis an Uebst vum Som bis zur Recolte aktiv begleeden, Verantwortung dofir iwwerhuelen a sech, iwwert dat wat wiisst a wat een dono kann iessen, freeën.

Duerch déi Erfarunge kënnen d'Kanner e Sënn an ee Bewosstsi fir de Wäert vun all deem entwéckelen a si sinn éischter bereet fir sech fir de Schutz an den Erhalt dovun anzesetzen."

Schoulgaart-web.jpg

Mir si gespaant wéi sech dëse Projet an de kommende Méint entwéckelt.

Précédent
Précédent

Wat gehéiert nët an d’Toilette oder an den Offloss?

Suivant
Suivant

Ettelbrécker Drénkwaasser: Vun eise Quellen an äre Krunn