Wat gehéiert nët an d’Toilette oder an den Offloss?

D’Gemeng Ettelbréck ass eng Klimapakt Gemeng. An dem Kader wëll d’Gemeng d’Awunner drop opmierksam maachen, den Offall richteg ze sortéieren, awer och doropshiweisen, dass ee keng aner Offäll, ewéi den Toilettëpabeier, an d’Toilette oder an den Offloss geheien däerf.

Firwat soll een déi Offäll net an d’Toilette geheien ?

 

D’Majoritéit vun dësen Offäll zersetze sech net an de Kläranlagen. Si verstoppen d‘Kanalisatioun an d‘Filtere vun de Kläranlagen an hannerloosse schiedlech Substanzen, déi net vun de Sanéierungsservicer beaarbecht kënne ginn.

Well d’Kläranlagen dës Offäll net richteg verschafft kréien, kënnen se och een negativen Impakt op d’Ökosystem vun eise Flëss hunn, besonnesch wann se direkt an d’Natur oder an ee Floss geheit ginn.

 

Mee wou kommen déi verschidden Offäll hin ?

Kategorie 1: gro Poubelle

Kategorie 2: Superdreckskëscht

Kategorie 3:

·         Kichereschter: Brong Poubelle (Bio-Poubelle)

·         Verpackungen: Valorlux

·         Rullen: Blo Poubelle (Pabeierpoubelle)

 

Kann een d’Fiichtegkeetsdicher, déi als biologesch ofbaubar beschriwwe ginn, an d’Toilette geheien ?

Op kee Fall. Och dës brauchen 3 Méint fir sech ofzebauen. Dowéinst gehéieren déi einfach an déi gro Poubelle.

Précédent
Précédent

Waarker Kiermes

Suivant
Suivant

Pedagogesche Schoulgaart