Ettelbrécker Drénkwaasser: Vun eise Quellen an äre Krunn

D’Gemeng Ettelbréck ass eng Klimapakt Gemeng. An dem Kader wëlle mir d‘Awunner sensibiliséieren, fir méi Drénkwaasser vum Krunn ze drénken. Dofir kruten am September 2020 all d’Schüler aus der Primärschoul eng Drénkfläsch geschenkt. Vun der Rentrée 2021/2022 un kritt all Kand, dat an de Cycle 1 kënnt oder dat am Laf vum Joer an d’Schoul op Ettelbréck wiesselt, esou eng Fläsch.

Stadt Ettelbrück verteilt 890 Trinkflaschen_1.jpg

Firwat soll Dir Waasser vum Krunn drénken?

-          Et ass regionaalt Waasser (kuerz Transportweeër)

-          D’Waasser gëtt streng kontrolléiert

-          300 Mol méi bëlleg wéi eng 1L Fläsch Waasser aus dem Supermarché

-          Et ginn ëmmer méi Refill Statiounen

 

Mee wou kënnt eigentlech eist Drénkwaasser hir ?

Zesumme mam Roger Fetler, Responsabel vun de Services industriels si mir eis déi Saach mol méi genau ukucken gaangen.  

Wou ginn ët zu Ettelbréck Refillstatiounen?

D’Gemeng Ettelbréck huet de Moment 4 Refill Statiounen : an der Primärschoul (place Marie-Thérèse), am Ettelbruck City Tourist Office, um Camping Ettelbruck an an der Sportshal Frankie Hansen.

Précédent
Précédent

Pedagogesche Schoulgaart

Suivant
Suivant

Do it yourself: Insektenhotel