Héichwaasserschutz

Den 3. November gouf eng Formatioun fir ronn 30 Mataarbechter vum Service des Régies a vun de Services Industriels vun der Stad Ettelbréck an Zesummenaarbecht mam CGDIS zum Thema Héichwaasserschutz organiséiert.

D’Gemeng Ettelbréck huet dëst Joer mobil Däicher kaf. De mobillen Däich fir an d’rue du Canal huet eng Längt vun 130 Meter, ass 60 cm héich a gëtt mat 37.000 Liter Waasser gefëllt. Beim CAPE kann ee mobillen Däich vu 34 Meter installéiert ginn, deen eng Héicht vun 1,5 Meter huet. Hei passe 60.000 Liter Waasser dran. Heifir gëtt keen Drénkwaasser benotzt, mee d’Héichwaasser vum Floss.

De Virdeel vun dëse mobillen Däicher ass, dass ee manner Zäit a Manpower brauch fir ze opzeriichten. Fir déi 130 Meter ginn 3-4 Leit duer an et brauch een ca. 60 Minutten. Wann een dat mat Sandsäck mécht, da brauch een 12 Leit an et ass een 3 ½ Stonnen amgaangen. De Nodeel vun de Sandsäck ass, dass se kënne fortschwemmen, an dass se no dem Héichwaasser mussen entsuergt ginn.

De mobillen Däich kann och méi flexibel agesat ginn: als Héichwaasserschutz, als anti-Terror Mauer ( a Plaz vun de Betons Bléck, fir Läschwaasser ze späicheren, fir d’Waasser vun engem Floss wärend Aarbechten ze deviéieren, asw.)

 

Précédent
Précédent

Fréijoer zu Ettelbréck

Suivant
Suivant

La Ville d’Ettelbruck fait des efforts en économies d’énergie