Fréijoer zu Ettelbréck

Mam Fréijoer wat virun der Dier steet, fänken och erëm d’Fester un … och zu Ettelbréck. Vëlosdag am Däich, Wäikues, Fréijoerssonndeg, Ouschtersamschdeg oder awer d’Feierlechkeete fir déi 175 Joer Lëtzebuerger Verfassung, et gi vill Grënn fir am Fréijoer de Wee op Ettelbréck ze fannen.

Mam Fréijoer léist d’Sonn sech och nees méi oft weisen, Deeg gi méi laang an d’Leit si motivéiert eppes an der frëscher Loft ze ënnerhuelen. Firwat net mam Vëlo en Tour duerch den Norde maachen? Wien nach kee Vëlo huet, kann sech um Vëlosmaart am Däich den 18. Mäerz en Okkasiounsvëlo zouleeën. Fir vill flott Animatioun ass gesuergt.

Um Fréijoerssonndeg de 26. Mäerz kënnt dir iech déi nei Kollektiounen ukucken an déi passend Deko fir Ouschteren eraussichen. D’Ettelbrécker Geschäfter si vu 14.00-18.00 Auer op.

Wäikues zu Ettelbréck an der Däichhal

Déi traditionell Wäikues fënnt wéi gewinnt an der Däichhal statt. Den 30. An 31. Mäerz kënnt dir hei vu 16.00 bis 21.00 Auer d’Wäiner a Cremante vun iwwer 30 Privatwënzer schmaachen. D’Degustatiounsglas kascht 15 €.

Ouschtersamschdeg

E feste Rendez-vous ass och well den Ouschtersamschdeg zu Ettelbréck ginn. Hei organiséiert den Ettelbréck City Tourist Office den traditionelle Concours „Een Ee, wéi keen anert“, wou Samschdes de 8. Abrëll géint 16.00 Auer, déi grouss Präis-Verlousung ass. Bréng ab dem 6. Abrëll däin selwer gemoolten Ouschteree an den ECTO-Büro laanscht a probéier däin Gléck!
Den Ouschterhues huet sech och rëm an Ettelbréck verstoppt an zesumme mam Ettelbruck City Tourist Office kënne Kléng a Jonk der Spur u Rätselen nogoen. D‘ Sich nom Ouschterhues fënnt vum 3. bis de 14. Abrëll an der Ettelbrécker Foussgängerzon statt.

Lëtzebuerg Feiert 175 Verfassung

Den 28. Abrëll ginn zu Ettelbréck an der Däichhal 175 Joer Lëtzebuerger Verfassung gefeiert. 1848 war Ettelbréck Sëtz vu Regierung a Parlament an deemools gouf hei déi éischt fräiheetlech Verfassung ausgeschafft.

D’Stad Ettelbréck an d’Chambre des Députés invitéieren op e flotten Owend wou d’Liicht op d’Lëtzebuerg vu fréier an haut geworf gëtt.

Lass geet et um 17.00 Auer mat der Séance académique un där de Grand-Duc deelhëlt. Hei leit de Schwéierpunkt op dem historesche Kontext, dee mat theatralesche Seenen a Lidder duergestallt gëtt.

Duerno fënnt dann e Volleksfest an der Däichhal statt mat Lëtzebuerger Bands wéi „De Läb“, „Edsun“ a ville weideren, déi dat multikulturellt Lëtzebuerg vun haut weisen.

Wiichtelfest

Bis an de Mee ass et zwar nach e bessi, mee den 13. Mee sollt Dir iech näischt virhuelen. Den Ettelbruck City Tourist Office organiséiert de 13. Mee déi 4. Editioun vum Wiichtelfest. Kommt an den Zentrum vun Ettelbréck a erliewt d‘ Welt vun de Wiichtelen. Vill Animatioune fir Kleng a Grouss waarden op Iech!

Précédent
Précédent

175 Joer Lëtzebuerger Verfassung

Suivant
Suivant

Héichwaasserschutz