Ettelbréck am Summer

Den 21. Juni fänkt de Summer un! Fir e flotten an ofwiesslungsräiche Programm ass och dëst Joer nees zu Ettelbréck gesuergt. Sief et duerch kulturell Manifestatiounen, Konscht, Aktivitéiten fir d’Kanner oder awer d’Natur genéissen.

Schonn e puer Deeg ier de Summer offiziell agelaut gëtt, fänkt d’Saison zu Ettelbréck un. Dat mat der Fête de la Musique, déi dëst Joer iwwer zwee Deeg geet. Uechter Foussgängerzon, op der Place Guillaume an am/virum CAPE wäert wärend zwee Deeg d’Musek am Vierdergrond stoen. Besonnesch ervirzehiewen ass d’Jugendbühn, déi vun der Nordstadjugend organiséiert gouf!

Virowend vum Nationalfeierdag zu Ettelbréck

Nëmmen e puer Deeg méi spéit feiere mir dann all zesummen de Virowend vu Nationalfeierdag zu Ettelbréck, wéi gewinnt op der „Place de l’Hôtel de Ville“ mat de lokale Veräiner an nei dëst Joer och op der Kiercheplaz. Hei fannt Dir eng flott Manège fir är Kanner an d’Cafetieren zerwéieren Iech e gudde Patt. „Track Four“ a „Singers Unlimited“ suergen fir eng gutt Stëmmung, an d’Walking Acts „Pumpulas“ an „Dundu“ wäerte fir e flott Spektakel suergen, soubal et däischter gëtt. Wärend dem Fakelzuch wäert d’Ettelbrécker Musek op verschiddene Plazen an Ettelbréck spillen.

D’Landwirtschaft am Fokus

E besonnescht Highlight ass dann, wéi all Joers, d’Foire Agricole an den Däichwisen. Hei gitt Dir wärend 3 Deeg alles iwwert d’Landwirtschaft gewuer, kënnt lokal Produite schmaachen an d’Kanner kënnen u Workshops deelhuelen.

Mir sinn och frou, dass Ettelbréck am Kader vun der LUGA 2025 als Standuert an der Nordstad zréck behale gouf.

Kiermes am Duerf

Am Juli fannen traditionell déi zwou Kiermessen zu Ettelbréck a Waarken statt. Lass geet et mam Kiermesbal um Äschenhiwwel, Freides de 14. Juli. Wärend op der Bounekiermes d’Spiller am Vierdergrond stinn, sou sinn et den 23. Juli zu Waarken d’Ausstelle vun enge ronn 200 Oldtimer Trakteren, déi sech no engem Tour Moies fréi, an de Wisen vis-à-vis vum Jeekelsbau afannen. Fir Kiermeskascht ass natierlech och gesuergt.

Literaturwee

Nei ass och de Literaturwee, deen iwwert d’Haard geet. De Wee geet iwwert 5,4 Km an op 14 Panneauen kënnt Dir Texter vu Lëtzebuerger Schrëftsteller entdecken.

Spill a Spaass an der Stad

Iwwert de Summer gëtt och nees d’Sandkëscht op der Place Guillaume opgeriicht. Hei kann een net nëmme buddelen, mee sech och an de Sonneliigen entspanen. Op der Kiercheplaz kënne sech déi Kleng dëst Joer op XXL Spiller austoben.

 Stroossekonscht

Virun der Rentrée kann een dann nach eemol e flotte Moment um Ettelbrooklyn Street Fest hunn a Stroossekonscht bewonneren.

Profitéiert och fir de Street Art Tour mat iwwer 25 Konschtwierker duerch Ettelbréck ze maachen. De Raphaël Gindt huet am Kader vun der „Semaine Mentale“ e neie Graffiti op der Liberatiounsplaz realiséiert an de Collin Van den Sluis, dee scho bei der “Open Air Gallery“ dobäi war, huet bis dohin e flotte Projet um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte realiséiert. Vum 20.-24. August kënnt Dir nokucke goen, wéi hien um Projet schafft.

Précédent
Précédent

News vum Service Enfance

Suivant
Suivant

175 Joer Lëtzebuerger Verfassung