Photovoltaikanlag – Wat ass dat genau?

Eng Photovoltaikanlag wandelt d‘Energie vun der Sonn a Stroum ëm, anescht wéi eng Solarthermieanlag, déi mat Hëllef vun der Sonnenenergie Hëtzt produzéiert.

Wat sinn d’Virdeeler vun enger Photovoltaikanlag?

Eng Photovoltaikanlag ass mat déi einfachste Méiglechkeet fir Stroum selwer hierzestellen. Mat sou enger Anlag kënnt Dir ouni gréissere finanziellen an aarbechtsintensiven Opwand méi Stroum produzéieren, wéi Dir selwer verbraucht.

Ausserdeem rechent sech eng Anlag an der Reegel no ongeféier 12 Joer an Dir kennt nach ee Gewënn duerch de Verkaf vun Äerem produzéierte Stroum oder duerch Aspuerunge beim Akaf vum Stroum maachen. Dobäi brauch eng Anlag am Normalfall quasi keen Ënnerhalt.

 

Eegent sech mäin Daach?

Am Prinzip eegent sech all Daach deen tëscht Osten a Westen ausgeriicht ass fir eng Anlag. Just Daachflächen, déi eng nërdlech Ausriichtung hunn, sinn net interessant. Och Daachflächen, déi iwwer länger Zäitraim am Schiet leie, eegnen sech net gutt.

 

Wat fir Ënnerstetzung kréien ech?

Dir kritt zwou Zorte vu Subventiounen. De Staat bezilt Iech eng Primm vun 20 % vum Investment vun ärer Anlag wann dir de Stroum komplett verkaaft a 50 % vum Investment wann dir de Stroum selwer consomméiert. D‘Gemeng Ettelbréck, als Netzbedreiwer, garantéiert Iech ee festen Aspeisetarif fir dee vun Iech produzéierte Stroum wärend enger Lafzäit vu 15 Joer a gëtt Iech zousätzlech nach eng Primm vun 10 % vun der staatlecher Primm.

Kontakpersoun op der Ettelbrécker Gemeng

Charel Kass, Service écologique

charel.kass@ettelbruck.lu

Précédent
Précédent

Projekt “Al Synagog”

Suivant
Suivant

Quetschefest zu Waarken