Open-Air Gallery Ettelbruck

Vum 2.-7. August 2021 hu 15 international renomméiert Kënschtler ënnert der Leedung vum Lëtzebuerger Kënschtler Sumo d’Open-Air Gallery zu Ettelbréck ënnert der Däichbréck realiséiert. All Artist konnt eng Säit vun engem Pilier eenzel gestalten, an déi 16. Wand ass kollektiv realiséiert ginn.

Collin Van Den Sluijs

Collin Van Den Sluijs

D’Ambiance iwwert déi ganz Woch war ganz conviviale. D’Kënschtler hu mat de Leit interagéiert, déi laanscht virwëtze komm sinn an hu sech Zäit geholl fir sech ënnert eneen auszetauschen.

Entstane si 16 Konschtwierker mat ganz verschiddene Stiler, fir dass d’Visiteuren déi ganz Panoplie vum Urban Art op enger Plaz kënnen entdecken. Fir de Sumo war et wichteg, dass all Konschtwierk als Tableau soll funktionéieren, an dass dat ganzt zesummen eng Galerie gëtt.

Dëse Projet schreiwt sech an d’Stadvisioun 2030 an, an ass de Projet-Phare vum Urban Art Circuit, dee wäert zu Ettelbréck entstoen. Uechtert d’Stad ginn et jo well 7 aner grouss Fresken a weiderer si geplangt.

Wann een d’Open-Air Gallery kucke geet, da soll een och bëssi Zäit matbréngen. An all Bild si souvill Detailer verstoppt. Et entdeckt een ëmmer eppes Neies.

Ganz flott ass och déi lieweg Mauer am Bannenhaff vum Hariko, déi all Woch ännert. Hei kréie Jonker (12-26 Joer) d’Méiglechkeet a Workshops d’Graffiti-Konscht ze entdecken.

An engem separaten Artikel wäerte mir méi am Detail op de Projekt Hariko agoen.

Précédent
Précédent

Quetschefest zu Waarken

Suivant
Suivant

Iwwerschwemmungen zu Ettelbréck