Spill a Spaass op der Place Guillaume
Vakanz Doheem. Och zu Ettelbréck. Fir de Mount August hunn d’Gemengeservicer, de Projet Arcade an den Ettelbruck City Tourist Office eng Sandkëscht op der “Place Guillaume” opgebaut an ënnerhalen fir esou de jonke Visiteuren eng Méiglechkeet ze ginn an der Stad am Sand ze spillen.
D’Ettelbrécker Bibliothéik huet och flott Liesunge fir d’Kanner an der Sandkëscht organiséiert.