Ettelbrécker Hierschtsonndeg
Den 11. Oktober huet den Ettelbrécker Hierschtsonndeg stattfonnt. Den Ettelbruck City Tourist Office hat fir flott Animatioun duerch d’Foussgängerzon gesuergt.
Holzskulpturen, Face-Painting, Stater Schmatten, Masken Atelier an e Walking Act hu fir eng flott Ambiance um Ettelbrécker Hierschtsonndeg gesuergt.